Henri Pensis
Henri Pensis | |
---|---|
Gebuer |
3. November 1900 Pafendall |
Gestuerwen | 1. Juni 1958 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dirigent, Komponist |
Den Henri Pensis, gebuer den 3. November 1900 am Pafendall, a gestuerwen den 1. Juni 1958 an der Stad Lëtzebuerg[1], war den éischten Dirigent vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg[2], aus deem 1996 den Orchestre philharmonique du Luxembourg (OPL) ervirgaangen ass. An dëser Funktioun war hien de Virgänger vum Carl Melles.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Henri Pensis gouf am Haus 10 An der Hiel am Pafendall, als Fils vum Henri Victor Pensis an der Anna Jonas gebuer.
Hien huet am Conservatoire vu Lëtzebuerg studéiert, duerno zu Bréissel an an der Musikhochschule zu Köln. Seng Carrière huet hien als Violonist ugefaangen.
1926 gouf hien no engem internationale Concours zum „Konzertmeister des Symphonie-Orchesters Köln-Langenberg“ genannt. Hie fält dem Hermann Abendroth op, deen him proposéiert, säi Schüler an der Musikhochschule ze ginn. Den Henri Pensis hëlt un, hie kritt eng zolidd Bourse an erschaaft sech eng ausseruerdentlech musikalesch an technesch Basis.
1932 gouf hie vu Radio Lëtzebuerg beoptragt, e Radiosorchester op d'Been ze stellen. 1939 huet RTL wéinst der Krichsgefor missen zoumaachen.
Den 29. Februar 1940 goung den Henri Pensis op eng Invitatioun hin an d'USA. Hien huet fir d'éischt den „New Jersey Philharmonic Orchestra“ geleet, 1942 de „Sioux-City Symphony Orchestra“ grad ewéi de „Lincoln Symphony Orchestra“. Hien huet dräi Concerten an der weltbekannter Carnegie Hall dirigéiert. Nom Krich ass hien 1946 op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet de Service musical vu Radio Lëtzebuerg reorganiséiert.
Vun 1955 un huet hien ënner enger schlëmmer Aekränkt gelidden. Säi leschte Concert huet hien den 19. Mee 1958 bei der Expo 58, der Weltausstellung zu Bréissel, ginn. Den Henri Pensis ass den 1. Juni 1958 gestuerwen.
Den Henri Pensis war als Dirigent sou ausgefëllt, datt en net vill Zäit hat fir ze komponéieren an nëmme wéineg Wierker hannerlooss huet.
Den Isaak Stern schreift: " I knew Henri Pensis and made music with him both in US and on the Radio Luxembourg many times. He was an excellent conductor and musician, always devoted to the service of music on the highest standard". [Source?]
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Soir d'été (poème symphonique)
- Fugue classique
- Suite pour orchestre
- Scène de danse pour orchestre
- Nockes an Nackes (comédie musicale)
- Hymne solennel
- Fantaisie de Noël
Populär Melodien:
- Fir d'Fräiheet
- Op der Juegd
- D'Fréijoerslidd
Undenken un den Henri Pensis
[änneren | Quelltext änneren]- Fir un hien ze erënnere gouf zu Gaasperech eng Strooss no him genannt: d'Rue Henri Pensis.
- De 15. November 2020 gouf op sengem Gebuertshaus am Pafendall eng Gedenkplack devoiléiert[3]. Op der Plack steet follgenden Text:
Henri Pensis
3 novembre 1900-1er juin 1958
Chef d'orchestre, violoniste, compositeur
fils de Henri Victor Pensis et de Anna Jonas
Ici naquit Henri Pensis, co-fondateur et premier chef de l'Orchestre de Radio Luxembourg, le 3 novembre 1900.
En exil de 1940 à 1946, dirigea le New Jersey Philharmonic Orchestra, le Sioux City, le Lincoln Symphony Orchestra et donna des concerts au Carnegie Hall de New York.
Henri Pensis a fait honneur à son pays à travers le monde et fut apprécié pour ses connaissances musicales et son dévouement passionné au service de la musique.
Luxembourg-Pfaffenthal en novembre 2020
Gielercher[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
- Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier de la Légion d'honneur (Promotioun 1951)[4]
- Chevalier vum Ordre de Léopold
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thill, Norbert, 2000. Licht und Schatten eines Dirigentenlebens: Erinnerungen an Henri Pensis zu seinem 100. Geburtstag. Die Warte Année 52, Nr. 37: 1-2 (Nr. 1944, 30. November). Luxembourg.
- Weber, Loll, 1983. Hommage à Henri Pensis. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 2.
- Weber, Loll, 1998. Henri Pensis, ein Dirigent aus Luxemburg (1900 - 1958). Institut grand-ducal, Section des arts et lettres. Impr. Saint-Paul. 307 S. ISBN 2-9599954-0-6.
- Weber, Loll, 2001. Vom Radioorchester zum Orchestre Philharmonique. Ons Stad 66: 17-21.
- Weber, Loll, 2008. "Lieber Pensis... Cher Pensis...": Zum 50. Todestag des Dirigenten: Blick in seine Privatkorrespondenz. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 29, Nr. 1: 23-50. Luxembourg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce vum Henri Pensis. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (3 Juni 1958). Gekuckt de(n) 10.01.2023.
- ↑ Offiziellen deemolege franséischsproochegen Numm: Orchestre de Radio Luxembourg.
- ↑ Inauguration Plaque Henri Pensis - Pfaffenthal. vdl.lu (16.11.2020). Gekuckt de(n) 22.11.2020.
- ↑ BULLETIN D'INFORMATION vum Service «Information et Presse», N°1/2 (7e année) Luxembourg, le 28 février 1951
- Citation
- Lëtzebuergesch Violonisten
- Lëtzebuergesch Komponisten
- Gebuer 1900
- Gestuerwen 1958
- Chevalier de la Légion d'honneur
- Chevalier de l'ordre de la couronne de chêne
- Officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier vum Ordre de Léopold
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass